No deene rezenten a widderhuelenden Iwwergrëff op Personal vum Busbetrib TICE huet hir Personaldelegatioun haut ee Protestpiquet organiséiert.
D’Piraten weisen sech besuergt a schockéiert iwwert déi rezent Iwwerfäll an hunn dofir an der Chamber eng Kommissiounssitzung ugefrot, fir iwwert d’politesch Léisunge géint d’Gewalt am ëffentlechen Transport ze diskutéieren, ob am Bus, am Zuch oder op de Garen an Arrêten. Mir wëlle vun den zoustännege Ministeren wëssen, wat aktuell géint Gewalt ënnerholl gëtt a wat zukünfteg geplangt ass.