M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Fir den Ëmweltschutz ass et wichteg, dass mer déi néideg Mëttelen hunn, an dat heiten ass dofir e gudde Projet, grad well en och kommunal elo wäert nei Dieren opmaachen.
Merci dem François Benoy fir dee gudde schrëft- lechen a mëndleche Rapport. Et waren heiansdo och méi turbulent fënnef Joer. Ech mengen, mir louchen
eis heiansdo och e bësse bei eenzelne Projeten an den Hoer, wou et dann e bësse méi turbulent war an heiansdo e bësse méi haart hiergaangen ass. Mee dat ass eeben och d’Roll e bëssen tëscht dem Presi- dent an der Oppositioun. Ech hat och heiansdo net genuch Gedold, well verschidden Ëmweltprojeten net schnell genuch virugaange sinn, esou wéi ee sech dat virgestallt hätt. An duerfir awer e grousse Merci fir Är Gedold mat de Kommissiounsmemberen, well ech ka mer virstellen, dass et als President net ëmmer ein- fach war.
An et ass richteg gesot ginn: Déi nächst Jore sinn ent- scheedend, do wäert nach ganz vill mussen nogeholl ginn! Merci.