M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Laurent Mosar an dem Gilles Roth fir dës gutt Proposition de loi. Et war eng Diskussioun an der Kommissioun deemools, déi opkomm war, an do- robber koum déi Initiativ zustanen, déi da jo och haut wäert eng Majoritéit kréien, soudass mer deen een- zelne Punkt elo kënnen, ier déi grouss Reform kënnt, scho verbesseren an do dann dee Problem e bësse ge-
léist hunn.
Dofir wäerte mir och haut dëst matstëmmen. Merci.