M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Claude Lamberty fir de gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport. Ech kéint elo nach eng Kéier en Exposé halen iwwer eis Parteipositioun an der Politick ronderëm d’Senioren, mee ech erspueren Iech dat. Hei schafe mer eng modern Struktur zu Rëmeleng, déi wierklech gebraucht gëtt. Mir wëssen et alleguerten: Am Süde ginn déi Better gebraucht, ginn déi Zëmmere gebraucht. Mir si frou, dass dat elo endlech an d’Rulle komm ass, soudass mir och wäerten eisen Accord ginn.
- June 1, 2026
- 3:11 pm
- Questions parlementaires
Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück