Projet de loi 8203 iwwert d’Aféierung vun enger neier beruff- lecher Ausbildung

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci dem Rapporter fir dee gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport. Mat dësem Gesetz wäert also d’Formatioun vun der Aide socio-familiale ab der Rentrée am September ersat ginn duerch de sougenannten Assistant d’ac- compagnement au quotidien mat eeben deem sou- genannte CCP.

Fir eis Piraten sinn dobäi zwee Aspekter ganz wich- teg: Fir d’éischt begréisse mer, datt all interesséierter Persoun d’Formatioun opgemaach gëtt, egal a wéi enger Liewenssituatioun een ass, initial iwwert de Lycée, also no der Cinquième, da kann een awer och iwwert den Apprentissage adulte a souguer iwwert den Apprentissage en cours d’emploi fueren. Domat droe mer der Realitéit Rechnung, datt d’Leit sech haut ëmmer méi spéit och nach eng Kéier reorien- téiere kënnen an och deelweis wëllen. An dofir ass eng Formatioun an en zweeten oder souguer drëtte Bildungswee ëmsou méi néideg, a grad wa mer vun enger Penurie vun Aarbechtskräfte schwätzen, ass dat fir eis ganz wichteg.

Als Zweet ass eis dann och wichteg, datt et net op enger eenzeger Plaz oder op zwou Plazen am Land ass, mee datt et wierklech flächendeckend am ganze Land offréiert gëtt, soudatt mer et net nëmmen accessibel maachen duerch de Bildungswee, mee och tatsächlech iwwert d’Bildungsplaz, do, wou een dann eeben och no ka bei senger Liewensrealitéit dee Stu- dium oder, besser gesot, déi Ausbildung maachen.

Dat ware fir eis zwee wichteg Aspekter. Op déi aner technesch Detailer ass de Rapporter schonn agaan- gen. Dofir kann ech Iech hei den Accord vun de Pira- ten ginn an ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene