Projet de loi 8167 iwwert d’Finanzéierung, den Ënnerhalt an d’Gestioun vun der Luxembourg Cyber Defence Cloud

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci der Madamm Empain fir de gudde schrëft- lechen a mëndleche Rapport. Als digital Partei ass dat heiten natierlech eppes, wat eis ganz gutt gefält. Hautzudaags ginn d’Konflikter oft informatesch ge- fouert an do musse mir eis als Lëtzebuerg gutt opstel- len.

Ech hat och d’Diskussioun ugestouss an der Kommis- sioun, dass, wa mer esou eppes uginn, een och un d’Informatiker muss denken, well dat ass ee vun de Problemer, dass mer hei am Land leider ze wéineg Informatiker hunn. A wa mer der hunn, gi se meesch- tens och nach a privat Entreprisë schaffen, well déi kënnen nun emol e bessere Salaire bezuelen, wéi dat beim Staat de Fall ass. Mir haten déi Diskussioun jo och an der Kommissioun. Dat ass eeben eppes, wat een am A muss behalen, grad wann een esou Proje- ten ugeet, a virun allem, wann een d’Projeten an Zu- kunft nach wëllt ausbauen.

Dat selwecht ass och bei de Satellitten, déi alleguer- ten Informatiker brauchen, fir se kënnen ze be- dreiwen. Dat ass sécherlech eng vun de gréissten Erausfuerderungen. An och mir Piraten sti ganz kloer zur NATO, mee fir eisen NATO-Verflichtungen noze- kommen, musse mer och un d’Informatiker hei am Land denken, well hautzudaags ass dat u sech déi modern Arméi. An do musse mer an der Educatioun ganz kloer eng Schëpp bäileeën, fir dass mer an Zu- kunft net do stinn a keng Informatiker hunn, déi herno kënnen alleguer déi dote Systemer bedreiwen.

A mir wäerten och haut deen dote Projet matstëm- men.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen