Ännerung Nummer 8127 iwwert déi funktionell Autonomie an déi mate- riell a finanziell Organisatioun vun der Chamber

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech maachen et kuerz, fir dem honorabele Mars Di Bartolomeo seng Zäit erëm anzefänken. Mat der Verfassungsreform, hunn ech virdru gesot, huet d’Chamber Autonomie kritt iwwer eng ganz Rëtsch Saachen, ënner anerem hir materiell a finanziell Ausstattung. Kompetenzen, déi virun der Verfassungsreform nach deelweis bei der Regierung an deelweis beim Grand-Duc louchen, wat esou an enger Gewaltentrennung awer e bësse spe- ziell war. Mir kréien elo eng kloer garantéiert Onof- hängegkeet als Institutioun.

Dat kléngt am éischten Ament no engem klenge for- melle Schrëtt, ass a Realitéit awer e wichtege Schrëtt fir d’Stäerkung vun der Demokratie a vun der Vertrie- dung vun de Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger hei- bannen.

Mir Piraten ënnerstëtzen dofir natierlech dësen Text, andeems mer d’Ännerungen, souwuel vun der Verfas- sungsreform wéi och vum Reglement, mat unhuelen. Wa mir d’Chamber stäerken, stäerke mer eis Demo- kratie.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen