Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Änne- rungsvirschlag vum Chambersreglement 8042 iwwert d’Vertrauensfroen a -motiounen esouwéi d’Zensur- a Mësstrauensmotiounen

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif Kol- leeginnen a Kolleegen, d’Verfassungsreform huet d’Chamber gestäerkt. Wichteg Kontrollmechanis- men, déi et am Ausland zanter Joren, voire Joerzéngte gëtt, hunn endlech och de Wee an d’lëtzebuergesch Verfassung fonnt. An ech freeë mech, datt mer dofir haut och eist Chambersreglement un déi nei Realitéit upassen.

Et war sécher ville Leit dobausse guer net bewosst, datt d’Lëtzebuerger Verfassung bis viru Kuerzem – ak- tuell nach bis den 1. Juli – weeder de Mësstrauensvott nach d’Vertrauensfro wierklech kannt huet, obwuel dës Outilen am Ausland e selbstverständlechen Deel vun der Demokratie sinn an et quasi no all neier Re- gierungsbildung dozou gehéiert huet, eng Motioun ze stëmmen heibannen, déi der Regierung d’Vertrauen ausschwätzt. Mee dat war keng Vertrauensfro.

Ëmsou méi wichteg ass et, datt mer haut, nodeems mer d’Verfassungstexter gestëmmt hunn, och endlech eist Chambersreglement upassen an d’Question de confiance, d’Motion de censure, d’Motion de méfiance an d’Motion de confiance an eisen Text ophuelen.

Déi lescht Joren hu gewisen, datt mir Deputéiert eis Aufgabe ganz eescht huelen a wierklech aktiv eiser Kontrollfonctioun nokommen, op alle Fall, wat d’Op- positioun ugeet.

D’Parlament kontrolléiert d’Regierung, an dat hu mer gemaach, an dat souguer wann dat bedeit, datt mer eist Recht op Kontroll hu misse viru Geriichter akloen. An enger Demokratie kann d’Regierung hanner zoue- nen Dieren net maachen, wat se wëll, ouni déi vum Vollek gewielte Vertrieder/inne matanzebannen.

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | D’Parlament muss d’Regierungsaarbecht evaluéiere kënnen an am Fall vu gréissere Verfeelungen och d’Méiglechkeet hunn, engem Regierungsmember oder der ganzer Regie- rung d’Vertrauen ze entzéien.

Dofir freeën ech mech, datt haut mat dëser Regle- mentsännerung d’Motion de censure an d’Motion de méfiance endlech hir Plaz am Chambersreglement fannen.

Mee genausou wichteg wéi d’Mësstrauensvotten ass awer och de Vertrauensvott. Andeems mer haut och festhalen, wéi d’Chamber der Regierung d’Vertrauen

ausschwätze kann, maache mer de Wee op fir Votten, bei deenen och d’Membere vun de Regierungspar- teie mol kéinte fir eng Propos vun der Oppositioun oder géint e Projet vun der Regierung stëmmen, ouni datt dat direkt als Fall vun der Regierung muss ver- stane ginn, wa gläichzäiteg nach emol d’Vertraue vun der Chamber un d’Regierung ausgeschwat gëtt.

Ob a wéi heefeg et zu sou engem Moment an der Chamber wäert kommen, bleift ofzewaarden. Wie weess, ob dës oder eng kommend Koalitioun dofir iergendwann eng Kéier de Courage wäert hunn. Mee ëmmerhi ginn d’Texter et elo hier. An dat ass e wich- tege Schratt no vir.

Här President, d’Piraten hunn d’Verfassungsreform ënnerstëtzt, nodeems sech eng Majoritéit vun hire Memberen an enger Urwal fir d’Ännerungen ausge- schwat huet. An dofir ënnerstëtze mer natierlech haut d’Upassunge vum Chambersreglement.

Ech ginn domat den Accord vun de Piraten an ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll