Bei de Gemengen: Keng retroaktiv Nominations définitives méi

D’Modalitéiten fir eng Stagereductioun als Gemengenemployé:e oder -fonctionnaire ze kréien, gi vum Règlement grand-ducal vum 14. August 2017 gereegelt. Den 1. Juli 2023 gouf den Artikel 2 vun dësem Reglement em folgende Saz ergänzt: « L’agent bénéficie d’une réduction du service provisoire à condition que sa formation puisse être accomplie au cours du service provisoire. »

An der Circulaire n° 2023-091 huet de Ministère d’Gemengen den 20. Juli 2023 iwwert dës Ännerung informéiert a kloer gestallt, dass an Zukunft keng retroaktiv Nominatioune méi méiglech wärte sinn. Konkret heescht et am Schreiwes: “Je tiens à préciser qu’une éventuelle nomination définitive future ne pourra, le cas échéant, pas avoir d’effet rétroactif.”
Och fir Gemengenemployé:en a -fonctionnairen, déi virum 1. Juli 2023 an den Déngscht vun de Gemenge getruede sinn a schonn eng Réduction du service provisoire accordéiert kruten, sollen déi nei Reegele gëllen. Dëst ass dowéinst problematesch, well net all déi concernéiert Gemengenemployé:en a -fonctionnairen wärend hirer reduzéierter Stagezäit d’Méiglechkeet kruten, déi gefrote Formatiounen ze maachen, well et net genuch Formatiounsplazen gouf. Dës Persoune mussen – anescht wéi et beim Untriede vun hirem Poste geheescht huet – hire Stage elo ouni d’Méiglechkeet vun enger Nomination définitive mat Effet rétroactif verlängeren a verléieren esou en Deel vun hirem Akommes.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat gouf decidéiert, op eng Iwwergangsreegelung ze verzichten, fir Persounen, déi virum 1. Juli 2023 per Arrêté agestallt goufen an och virun dësem Datum hier Reduktioun vum Service provisoire accordéiert kruten?
    Hält d’Regierung dru fest, hei keng Iwwergangsreegelungen ze huelen?

  2. Wéi vill Persounen, déi virum 1. Juli 2023 per Arrêté agestallt goufen an och hier Réduction du service provisoire virun dësem Datum accordéiert kruten, waren den 1. Juli 2023 bei de Gemengen am Service provisoire?

  3. Bei wéi ville Formatiounen/Coure fir Gemengenemployé:en a -fonctionnairen war an de leschten 3 Joer d’Unzuel vun den Umeldunge méi héich wéi d’Unzuel u fräie Formatiounsplazen?

  4. Wéi gesinn d’Pläng aus, fir d’Offer u Formatiounsplazen ze verbesseren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8388

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene