Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Zu Gast: 10.10.2023 Zukunft vun eisem Land

Wéi ech bei de Pirate Member gi sinn hunn ech net geduecht dass de Wee géif den 8ten Oktober an d’Chamber goen.

Ech wëll op dëser Plaz jidderengem Merci soen, dee säi Vertraue mir, eiser Nordequipp an eis Pirate landeswäit ginn huet. Mir sinn als Piraten all immens houfreg op dëst Resultat a mir wäerten als Equipe eis d’bescht maache fir dësem Vertraue gerecht ze ginn. Dat läit mir och perséinlech um Häerzen.

D’Nordpiraten wëllen de Leit nolauschteren déi sech soss oft vergiess fillen a mat hinnen zesumme Léisungen ausschaffen. Well nëmmen zesumme kënne mir eng fair a gerecht Zukunft fir eis d’Land gestallten. Mir hu gewisen, dass mir mat eise Léisungsvirschléi Leit erreeche konnten. 

Et ass och kloer, dass mir als Pirate musse weider géint déi virgoen, déi Leit wëllen ausgrenzen oder net méi an d’Land loossen an déi Saache verspriechen déi net ze maache sinn. D’konstruktiv Oppositiounsaarbecht vun de leschte 5 Joer muss weider goen. Mir mussen der neier Regierung op d’Fanger kucken an do nohake wou et néideg ass.

Ech perséinlech wëll mech als Deputéierte fir eng Familljepolitik vum Choix asetzen. D’Crèche soll net déi eenzeg Méiglechkeet fir Famillje sinn. Mir mussen eis an der Politik dann och dofir asetzen, dass et bei der Familljepolitik net dozou kënnt, dass nëmme Frae vun dëser Offer profitéiere mee, dass béid Partner méi Stonne kënnen doheem bei de Kanner amplaz op der Aarbecht verbréngen. Et ginn dann och nach aner Modeller wéi Crèchen zum Beispill Dageselteren.

Als Norddeputéierte wëll ech mech dann och fir een nach méi zouverlässegen ëffentlechen Transport am Norden asetzen. Dat fänkt u mat enger Reduktioun vun Ausfäll a Verspéidungen, betrëfft awer och den Ausbau vu Linnen an Arrêten. 

Et gëtt elo eng spannend Zäit an et gëtt vill ze léieren. Mee mat all deenen an der Partei a virun allem mat menger Famill déi mir de Réck stäipe wëll ech mäi Bescht ginn.

No de Walen ass virun de Walen a mir Pirate wäerten eis och an den Europawale fir eng modern, fair a staark Europäesch Unioun asetzen. 

Merci!

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll