Projet de loi 8021, eng Konventioun mam Ruanda, déi d’Duebelbesteierung ofschaaft, an de Projet de loi 8023, eng Konventioun, déi d’Duebelbesteierung mam Ghana ofschaaftProjet de loi 8021, eng

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Ech maachen et ganz kuerz. Beim Projet 8023: Dee mer kënne matdroen. Dat ass deen, deen de Ghana betrëfft. A beim Projet zum Ruanda wäerte mer eis enthalen, net well mer eppes géint Antiduebelbesteie- rungsofkommessen hunn, mee well et an eisen Aen einfach inkohärent ass, mam Ruanda, wat eng Dikta- tur ass, esou en Deal ze maachen an och nach Koope- ratiounsaarbecht mat Länner ze maachen – hu mer d’lescht Woch schonn ugeschwat –, déi manifestement eng Diktatur sinn.

Den Här Kartheiser huet et e bësse méi léif verpaakt an huet och nach déi néideg Zuele genannt. Just well vläicht deen een oder anere perséinlech Lienen zum Ruanda huet, heescht dat nach laang net, datt et e Land ass, wou alles gutt ass a mat deem mer am Mo- ment kënne vertrauensvoll zesummeschaffen.

Just fir d’Opbaue vun engem Financial Centre an enger Diktatur elo en Antiduebelbesteierungsofkommes ze maachen, geet eis Piraten definitiv net wäit genuch. Dat ass inkohärent. Mir sollte ganz kloer och eis Wirt- schaftspolitik an eis Finanzpolitik un deem ausriichten, wat eis Wäerter ausmaachen. Dat soe mer zu Recht, wann et ëm Russland geet, dat soe mer zu Recht, wann et ëm Wäissrussland geet, da musse mer et och bei anere Länner geltend maachen an net nëmmen dann, wann et eis souwisou net géif wéidoen.

Deementspriechend wäerte mir eis do enthalen. Den Accord ass nun emol verhandelt a mir hunn eng Tra- ditioun, net géint international Accorden ze stëmmen.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen