Examen fir bei der Gemeng ze schaffen

Fir dierfen am Gemengesecteur ze schaffen, muss een als éischt d’Epréuve d’aptitude générale paken an duerno den Examen d’admissibilité. Fir dës Sessioun waren d’Examen d’admissibilité fir d’Leit am Grupp B1, C1 an D1 awer virun deene fir d’Epréuve générale. Wat bedeit, dass dës Leit nëmmen den 1ten Exame kënne maachen, an dann een halleft Joer musse waarden fir den 2ten Deel. Dës kascht net nëmmen d’Leit Zäit, mee suergt och dofir, dass d’Gemenge Posten eréischt méi spéit kënne mat dëse Kandidate besetzen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat goufen dës Delaien esou festgehalen?

  2. Firwat betreffen dës ënnerschiddlech Delaien nëmmen een Deel vun de Gruppen?

  3. Wäert an Zukunft drop gekuckt ginn, dass ee béid Examen op allen Niveaue kann an enger Sessioun maachen? Wann nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8378

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene