Aus vun der Benu Asbl?

Wéi Tageblatt an d’Wort mellen, steet d’Asbl Benu vun Esch, déi sech op Kreeslafwirtschaft spezialiséiert huet, mat hire 40 Mataarbechter kuerz virun der Insolvenz. Et gouf Konventioune mat der Stad Esch an dem Ëmweltministère, mee duerch Kommunikatiounsfeeler schéngt et wéi wann net kloer gewiescht wier, wien Benu hätt solle mat wéi vill Geld ënnerstëtzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng änlech Projeten, wéi de Benu existéieren, nach am Land? Ass de Staat och an dëse Projeten implizéiert? Wa jo, wat fir finanziell Mëttel stellt de Staat hei zur Verfügung?

  2. Wéi vill Mataarbechter bei Benu sinn direkt iwwert d’ASBL agestallt? Wéi vill sinn iwwert Aarbechtsmoossnahmen bei der ADEM agestallt?
    Falls sech beim Benu d’Situatioun finanziell net verbessert an de nächsten Deeg a Wochen, wäerten d’Ministere versécheren, dass aner Initiative dës Mataarbechter iwwerhuelen?

  3. Wéi evaluéiert d’Ministesch d’Resultater vum Projet Benu no 5 Joer?

  4. Hunn, ausser dem Ëmweltministère an der Gemeng Esch, nach aner Acteuren an de Projet Benu investéiert? Wa jo, wien a wéi een Undeel?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8371

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen