Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi

Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu Éiere vum amtéierende Verdeedegungsminister, gëtt organiséiert am Trifolion zu Iechternach. D’Lëtzebuerger Militärmusek spillt zesumme mat renomméierte Soliste Film- an Jazzmusek.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill wäert d’Verwaltung sech dëse Concert kaschte loossen? Wéi vill kascht d’Locatioun vum Sall, den Engagement vun de Solisten, d’Technik fir de Concert an och de Catering wärend an nom Concert?

  2. Ass et üblech, dass ee Minister um Enn vun enger Legislaturperiod zu sengen Éiere vu senger Verwaltung ee Concert organiséiert kritt? Gouf et dat an der Vergaangenheet scho bei Arméi a Police oder och anere Verwaltungen a falls jo, kann d’Regierung e puer Beispiller nennen?
    Wosst de Minister vun dësem Concert Bescheed?

  3. Kréien déi Leit, déi als Zuschauer dem Concert bäiwunnen, iergendeng Form vun Indemnitéit (Pécuniaire an/oder en Nature) oder ginn si fir de Concert fräigestallt? Wann jo, wéi vill?

  4. Wéi steet den zoustännege Minister dozou, dass de Chef d’État-Major eng Mail an Optrag ginn huet, dass jidder Militär, ausser fir „raisons impérieuses“, an Uniform soll Deel huelen?
    Fält d’Bäiwunnen an Uniform vum Concert an déi regulär Aarbechtsstonne vum Zaldot?
    Wäert de Minister deenen Zaldoten, déi dem Concert musse bäiwunnen, Iwwerstonnen accordéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8362

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt