Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Wëldkameraen

Wëldkamerae gi vu Jeëer, awer och zum Deel vu Wësseschaftler:inne benotzt, fir Informatiounen iwwert d’Wëld ze sammlen. Dës Kameraen si mat engem Bewegungsmelder ausgestatt a ginn duerch Bewegungen ausgeléist. D’Fotoen an d’Videoen, déi vu sou Kameraen opgehol ginn, ginn op enger carte-mémoire gespaichert. Verschidde Kameraen erlaaben et och d’Informatiounen direkt op e Computer oder Handy ze iwerdroen.
Well dës Kamerae virun allem am Bësch opgestallt ginn, kann et virkommen, dat Naturfrënn, Spadséiergänger:innen, Jogger:innen oder och Aarbechter:innen vun der Forstverwaltung vun sou Kamerae gefilmt ginn, ouni dat se sech därs iwwerhaapt bewosst sinn. Deemno stellt sech d’Fro no hiren « droits à l’image». 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ënnerläit den Asaz vun sou Kameraen dem RGPD?
    • Wa jo, mussen dës Kamerae bei der CNPD ugemellt ginn? Wat sinn d’Bestëmmunge fir den Asaz vun sou Kameraen, notamment, wat d’Plaz wou se opgestallt ginn an d’Ausriichtung betrëfft ?
    • Wa nee, ass den Asaz vun sou Kameraen iwwert aner gesetzlech Bestëmmungen, zum Beispill d’Juegdgesetz, réglementéiert a wéi eng sinn dat? Wéi gëtt séchergestallt, datt Persounen net ouni hiert Wësse gefilmt an hir Billerrechter respektéiert ginn?

  2. Wat fir eng Méiglechkeeten hu Persounen, déi feststellen, dat se vun sou enger Kamera gefilmt goufen, fir de Propriétaire vun der Kamera ze identifizéieren an ze verlaangen, dat hier Biller geläscht ginn?

  3. Sinn d’Ministeren der Meenung, dass dës Kameraen obligatoresch doriwwer misste renseignéieren, wiem se gehéiren, zu wat fir engem Zweck se agesat gi, an u wien een sech wende kann, wann ee Froen zu hirem Asaz huet ? 

  4. Wéi stinn d’Ministeren zu enger Kenntlechmaachung vun de Plazen op deenen d’Kameraen hänken esou wéi et an der Belsch de Fall ass? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8325

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll