FRO.LU: Mam medezinesche Cannabis an d’Ausland

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Cannabis-Patienten, déi an d’europäiescht Ausland wëlle reesen, mussen déi hinne vum Dokter verschriwwe Quantitéit Cannabis bei sech féieren, wa si hiert d’Traitement weiderféiere wëllen. Demno wéi laang d’Reess ass, kënnt esou eng gewësse Mass zesummen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Dokumenter muss een am Viraus ufroen, fir dierfe säi medezinesche Cannabis mat an d’EU-Ausland ze huelen? Wou freet een dës un?

  2. Wéi eng Dokumenter muss een am Viraus ufroen, fir dierfe säi medezinesche Cannabis mat an Drëttlänner ze huelen? Wou freet een dës un?

  3. Wat muss ee beuechte beim Mathuele vum Cannabis?

  4. Wat ass déi beschten Ulafstell, un déi Concernéierter sech kënne wenden, ier se fort ginn?

Fro n°8320

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8320

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene