Gestion par objectifs – Wien huet kee Plang?

Déi sougenannten “Gestion par objectifs” soll et Verwaltungen a Servicer vum Staat erlaben, hir Aarbecht méi effikass a strukturéiert ze gestalten, an den Agenten e Kader setzen, an deem si hir eege Progressioun kënne moossen. Dës Initiativ setzt ënnert anerem d’Ausschaffe vun Aarbechtsprogrammer viraus, déi vun all Service, Verwaltung a Ministère opgestallt an uschléissend vun de jeeweilege Ressortministere validéiert solle ginn.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement de Ministeren fir Administrativ Reform & Ëffentlechen Déngscht  dës Froe gestallt:

  • Wéi vill Servicer a Verwaltungen hu well esou een Aarbechtsprogramm ausgeschafft (opgeschlësselt no Ministère, an ausgedréckt a relativen an absoluten Zuelen)?
  • Wéi vill vun dëse Programmer goufe vun de jeeweilege Ministeren (opgeschlësselt no Ministère) well validéiert?
  • Wéi vill Aarbechtsprogrammer goufen opgeschlësselt no Ministère refuséiert?
  • Wéi eng Pläng huet d’Regierung, fir hir Ambitioun vun enger “Gestion par objectifs” an alle Servicer a Verwaltunge vum Staat – an domat och op deene Plazen, wou et bis elo nach net geschitt ass – ëmzesetzen?
  • Wéi eng Delaie gëllen an deene jeeweilege Ministèren, fir d’Gestioun duerch Objektiver ëmzesetzen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene