Motioun fir eng duebel CO2-Kompensatioun

D’Deputéiertechamber invitéiert,

  • Vis-à-vis vun der aktueller Klimakris;
  • Virum Hannergrond vum Paräisser Klimaofkommes, dat de 4. November 2016 a Kraaftgetrueden ass;
  • d’Fuerderunge vun enger engagéierter Zivilgesellschaft, déi mat diverse Manifestatiounen ande leschte Méint d’Politik opgefuerdert huet, klimapolitesch ëmfaassend Mesuren zeergräifen, eescht huelend;
  • a mam Zil d’Gas à effet de serre an der Atmosphär ze reduzéieren;

d’Regierung, schnellstméiglech déi néideg Dispositiounen ze treffen, fir ze garantéieren, dass d’Emissioune vu sämtlechen Déngschtreese vu Regierungsmemberen a -beamte kompenséiert ginn duerch de Kaf vun Emissiounszertifikater, déi der duebeler Quantitéit vun deenen Ofgasen, déi wärend der Rees ausgestouss goufen, entspriechen.

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene