Wunneng am Trump Tower zu New York gelount

Eis gouf zougedroen, dass zu New York d’Residenz vum lëtzebuerger Ambassadeur bei der UN grad renovéiert gëtt. Dës Residenz gehéiert dem Staat. Fir d’Zäit vun de Renovatiounsaarbechte lount de Lëtzebuerger Staat aktuell angeblech fir vill Suen een Appartement am Trump Tower op der 5th Avenue. An dësem Gebai huet souwuel den Donald Trump wéi och eng Rei vu senge Familljemember eng Wunneng. Zudeem huet d’Trump Organization an dësem Gebai e Sëtz.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass dës Informatiounen der Realitéit entspriechen?

  2. Fir wéi vill Dollar gëtt d’Appartement am Trump Tower pro Mount gelount?

  3. Wéi laang sollen d’Renovatiounsaarbechten dauere respektiv fir wéi vill Méint gëtt d’Appartement am Trump Tower gelount?

  4. Ass de Minister der Meenung, dass et moralesch ze vertrieden ass, dass ausgerechent am Trump Tower eng Wunneng gelount gouf?

  5. Ass de Minister der Meenung, dass d’Loune vum Appartement am Trump Tower een diplomatesche Faux-pas duerstellt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8268

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt