Aus dem Koalitiounsaccord – Réckgrëff op Biodreifstoff aus der zweeter Generatioun

An hirem Programm vun 2018 huet sech d’Regierung verflicht am Kontext vun der Energietransitioun d’Verwendung vu Biokraaftstoffen aus der éischter Generatioun op 5% ze limitéiert an dofir d’Biokraaftstoffen vun der zweeter Generatioun, déi als méi nohalteg gëllen, ze fërderen. De Minister hat an der Äntwert op d’Fro n°3593 erkläert, dass zënter 2019 den Undeel vu Biosprit, dee Palmueleg beinhalt, sougenannte Biosprit vun der éischter Generatioun (biocarburant d’origine agro-alimentaire), a Lëtzebuerg ob maximal 5% begrenzt ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Prozent vun den haut zu Lëtzebuerg getanktene Biodreifstoffen si vun der éischter Generatioun a wéi vill Prozent vun der Zweeter?

  2. Viséiert d’Regierung eng weider Verréngerung vu Biodreifstoffen aus der éischter Generatioun par Rapport zu deenen aus der zweeter Generatioun? Wann jo, wat ass de viséierte Prozentsaz vu Biocarburanten aus der éischter Generatioun?  

  3. Plangt d’Regierung an Zukunft nëmmen nach vu Biokraftstoff aus der zweeter Generatioun Gebrauch ze maachen? Wa jo, wéini?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8264

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen