FRO.LU: Indemnisatiounen fir Pompiers volontaires

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Als fräiwëllegen operationelle Pompjee huet een d’Méiglechkeet zwou verschidden Indemnisatiounen ze kréien. Entweder eng Garde Astreinte fir 1€/h oder eng Garde casernée (haaptsächlech déi Leit, déi eng Ambulanz Garde garantéieren) 10€/h. Mat der aktueller inflationärer Ekonomie an der geleeschter Aarbecht kann een sech d’Fro stelle wei zäitgeméiss sou eng Indemnisatioun nach ass.
De Fräiwëllegen dréit déi selwecht Responsabilitéit bei engem Ambulanz Asaz vis-à-vis vum Patient an et ass et och net onüblech, dass de Pompier volontaire Iwwerstonne mécht. Menges Wësse ginn Iwwerstonnen net verrechent, anescht wei dat bei de professionelle Pompjeeën de Fall ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Ministesch der Meenung, dass d’Indemnisatiounen héisch genuch sinn?
    • Wa jo, wéini goufen dës fir d’lescht geännert?
    • Wa nee, wéi héisch sollten se sinn?

  2. Wat sinn der Ministesch hir konkret Pisten, fir de Beruff vum Pompier méi attraktiv fir nei Rekrutementer ze maachen?

  3. Wat sinn der Ministesch hir konkret Pisten, fir méi Fräiwëlleger fir de CGDIS ze begeeschteren?

Fro n°8265

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8265

Zesummenhang posts

De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) wäert déi nächst véier Joer eng staatlech Finanzéierung vu ronn 180 Milliounen
An der parlamentarescher Fro n° 3044 hat ech nogefrot, no wéi enge Krittären Héichsëtzer fir d’Juegd dierfen opgestallt ginn an a wéi enge Situatioune
Zënter 2023 dierfen d’Leit Cannabis legal zu Lëtzebuerg ubauen a konsomméieren, dëst allerdings nëmmen bei sech doheem ëmmer ënnert strenge Bedingungen. Wat de Stroosseverkéier