Gesetzesprojet 7402 iwwert Shareholder Rights Directive II

Vott Piraten: dofir

M. Marc Goergen(Piraten).-Merci, Här President. Merci dem Rapporteur. D‘Direktiv ass fir eis Piraten definitiv de richtege Wee. D‘Direktiv ass gedeeft an Transparenz, well mir hei effektiv d‘Mängel opdecken, déi an der Gesellschaftspolitik existéieren: kloer Richtlinne fir d‘Paie fir d‘Direkter, méi Transparenz an novollzéibar Decisiounen an eng Demokratiséierung vun den Decisiounen, déi vun der Assemblée générale getraff ginn.

Alles an allem muss ech soen, dass ech selte bis elo fir eng Direktiv mat rouegem Gewëssen esou zoustëmme konnt. Dofir den Accord vun de Piraten fir dëse Projet.

M. Fernand Etgen,Président.-Merci, Här Goergen. D‘Regierung huet d‘Wuert.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene