Personaliséiert Betreiung vun der ADEM – Nofro

An der Fro n°8227 huet den Aarbechtsminister de Prozess hannert der personaliséierter Betreiung vun der ADEM dokumentéiert.
Ënnert anerem seet de Minister:
“”En Aktiounsplang fir déi Leit déi vun enger intensiver Begleedung profitéiere gëtt der Konventioun bäigefügt. Dëse Plang, dee reegelméisseg à jour gesat gëtt, soll hëllefen d’Hindernisser déi eng professionell Aglidderung verhënneren, opzehiewen. Dësen Aktiounsplang détailléiert all d’Aktiounen déi d’ADEM dem Aarbechtsichenden an deem Sënn proposéiert. […] D’ADEM suivéiert d’Evolution an d’Fortschrëtter vum Aarbechtsichenden an ajustéiert den Aktiounsplang och gegeebenenfalls.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass dësen Aktiounsplang an seng gegebenfalls Evolutioun zu all Moment fir d’Leit an der Begleedung accessibel? 

  2. Wéi gesäit esou ee Suivi personnalisé fir Leit mat enger Behënnerung aus, déi op der Adem ageschriwwe sinn? Wat ass den Oflaf? Wéi gëtt dësen dokumentéiert?

  3. Sinn an dësem Suivi och all d’Schrëtt dokumentéiert, déi d’Adem fir déi Betraffen ënnerhëlt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8259

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene