Reng männlech Schäfferéit

An engem Tageblatt-Artikel vum 22ten August steet ze liesen, dass d’Politik nach ëmmer haaptsächlech Männersaach wier a Fraen a Gemengen- oder Schäfferéit ënnerrepresentéiert sinn. Am Artikel gëtt och d’Beispill vu Miersch ugefouert, wou just eng eenzeg Fra an de Gemengerot gewielt gouf obwuel 42 Prozent vun de Kandidaten, déi sech fir d’Gemengewalen opgestallt haten, Frae waren. Miersch ass awer net déi eenzeg Gemeng wou manner Fraen am Gemengerot vertruede sinn an et stellt sech d’Fro, ob et och reng männlech Gemengen- oder Schäfferéit hei am Land gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi vill reng männlech Schäfferéit ginn aktuell hei am Land an ëm wéi eng Gemengen handelt et sech dobäi?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8253

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene