Ofgäng bei der Police

An de leschte Jore goufen et vill Diskussiounen doriwwer, dass d’Police méi Personal brauch, fir sengen Aufgabe kënne gerecht ze ginn. Resultat vun dëser Diskussioun war, dass eng Rekrutement-Offensiv gestart gouf, fir iwwert déi nächste Jore ronn 200 nei Polizist:innen pro Joer anzestellen. Et geet allerdéngs net duer, fir nei Leit anzestellen, mee de Groussdeel vum Personal soll der Police och erhale bleiwen. Dat erreecht een am Beschte mat attraktiven Aarbechtskonditiounen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi vill Leit hunn d’Police Grande-Ducale fräiwëlleg zënter 2018 verlooss,
    • opgelëscht pro Joer?
    • opgelëscht pro Service?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8240

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt