Wou bleiwen d’Remboursementer vun der CMFEP?

Mir haate schonns am Juni d’Fro gestallt, firwat d’Remboursementer vun der CMFEP esou laang op sech waarde loossen. Demols haat de Minister geäntwert, dass d’Delaien am Schnëtt ronn 5 Woche bedroen a sech an Zukunft verkierze wäerten. Mir hu nach eng Kéier nogefrot.

Eisen Informatiounen no kënnt et aktuell bei der « Caisse de Maladie des Fonctionnaires et Employés Publics » zu längeren Delaien vun de Remboursementer (bis zu zwee Méint). Bei den iwwrege Krankekeesen ass dëse Phänomen leider och rekurrent. Et handelt sech heibäi ëm Dossieren déi komplett sinn, an net ëm Fäll wou den Dossier net en bonne et due forme bei der jeeweileger Krankekeess agereecht gi wier. Di besoten Délai‘en vun de Remboursementer bréngen déi betraffe Leit ënner Ëmstänn finanziell an Laberenten. An der Logik vun enger Simplifikation Administrative kéint eng „Gestion par objectifs“ dësem onglécklechen Zoustand positiv entgéint wierken.

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Här Minister, wéi verdeele sech d’Delaien fir d’Remboursementer bei den eenzele Krankekeesen a gëtt et eng statistesch Erhiewung, wéi dës Äntwertzäiten sech an de leschte Joren entwéckelt hunn ?
  2. Kéint Dir statistesch Donnéeën virweisen déi duerleeën wéi d’Délais moyenen sech iwwert di lescht Méint bei de verschiddene Krankekeesen entwéckelt hunn ?
  3. Wat ass an Zukunft, an den Aen vum Minister, e raisonnabelen Delai fir e Remboursement duerch eng Krankekeess ?
  4. En vue vun enger Simplification administrative a virum Hannergrond vun enger « Gestion par objectifs », kéint den Här Minister eng konkret Ziilvirgab nennen, déi de Ministère sech fir d’Remboursementer duerch di eenzel Krankekeese gesat huet ?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene