Projet couverture universelle des soins de santé

Am Moment leeft de Projet vun der Couverture universelle, mat dem et jiddwerengem hei am Land soll méiglech sinn, bei den Dokter ze goen, och wann hien duerch eng prekär Situatioun net bei der Sécurité sociale ofgeséchert ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit ginn all Joer, gekuckt op déi leschte 5 Joer, an d’Urgencen ouni bei der CNS affiliéiert ze sinn? A wéi hunn dës Zuelen an dem genannten Zäitraum evoluéiert?
  2. Wéi vill vun dem dofir virgesinne Budget gouf bis elo verbraucht?
  3. De Projet soll Enn 2022 evaluéiert ginn. Wéini soll des Evaluatioun ofgeschloss sinn? A wäerten d’Ministeren d’Resultat vun dem Projet der Chamber presentéieren?
  4. Wéi ass déi aktuell Aschätzung vun de Ministeren iwwert den Erfolleg oder Mësserfolleg vum Projet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6927

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë