Problemer beim regroupement familial

Mir ass zougedroen ginn, dass Persounen, déi am Kader vun engem Regroupement familial op Lëtzebuerg komme sollen, fir d’Areess een “titre de voyage valide” gefrot ginn, dëst och a Fäll, wou si schonn d’Recht op Asyl an engem anere Land zougesprach kritt hunn. Ouni de gültege Pass gëtt d’Demande an deem Fall dann mengen Infromatioune no net traitéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ginn Demande fir ee Regroupement traitéiert, wann de Familijemember vum Regroupant schonn Asyl an engem anere Land zougesprach kritt huet? 

  2. Wéi eng Dokumenter ginn hei gefrot?

  3. Wéi gëtt mat Fäll ëmgaangen, wou kloer ass, dass d’Familjememberen keen Pass kënnen bei den Autoritéiten vun hirem Hirkonftsland froen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8216

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene