Registre des bénéficiaires effectifs

De Registre des bénéficiaires effectifs (RBE) gouf am Joer 2019 duerch dat entspriechend Gesetz agefouert. Dëse Register erlaabt et de Verwaltungen an der Zivilgesellschaft, fir ze kontrolléieren, wien als Privatpersoun als leschten Notznéisser vun enger Firma profitéiert. Grad bei groussen Holdingen, déi aus honnerte vun Ënnerfirme bestinn, ass et aus Transparenzgrënn wichteg nozevollzéien, wien um Enn vun der Lieder d’Fiedem an der Hand huet. Esou kënnen, z.B. Interessekonflikter opgedeckt ginn oder Persounen, déi internationale Sanktiounen ausgesat sinn, méi liicht identifizéiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Firwat existéiert am RBE keen Historique, deen et erlaabt, fir nozevollzéien, wéini de Bénéficiaire effectif vun enger Organisatioun gewiesselt huet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7002

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen