Unzuel un Etagen déi een dierf bauen

Am Groussherzogleche Reglement vum 8 Mäerz 2017 zum Plan d’aménagement “Quartier existant” kann en Defintiounen zu verschiddene Bauvirschrëfte liesen. Am Reglement kann ee Folgendes noliesen:

“Nombre d’étages: On entend par nombre d’étages le nombre de niveaux au-dessus du rez-de-chaussée. Nombre de niveaux On entend par nombre de niveaux, le nombre d’espaces entre planchers et plafonds. Les niveaux en sous-sol ne sont pas pris en compte.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf ee Bautereglement vun enger Gemeng konträr zu dësen Definitioune sinn an zum Beispill bei der Unzuel u Niveauen de Sous-sol mat zielen? Wa jo, an wéi ville Gemengen ass dëst de Fall?
  2. Falls d’Äntwert op déi zwou éischt Froen negativ sollt sinn, wou sollt een sech als Bierger oder Biergerin wenden, wann engem esou eng Divergenz tëscht Definitiounen tëscht Bautereglement a Reglement vum 8 Mäerz 2017 opfält?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6941

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen