Moossnahm n°522 am PNEC

D’Piraten hunn 2022 de Gesetzesvirschlag n°8096 deposéiert, mat deem ee Subsid fir negativ Emissiounstechnologië soll opgestallt ginn.

D’Moossnam 522 vum Klima- an Energieplang (PNEC) gesäit vir, ee Pôle de Recherche anzeféieren, deen eng Strategie fir negativ Emissiounstechnologien zu Lëtzebuerg soll opstellen:
“Vu l’évidence scientifique indéniable concernant le besoin d’émission de GES négatives en vue de l’atteinte de l’objectif de la neutralité climatique, le gouvernement est conscient de l’importance du sujet de technologies de carbon capture and utilisation (CCU) respectivement de direct air capture (DAC), et propose ainsi d’analyser le sujet de manière holistique. Idéalement, un pôle de recherche public-privé réunissant les acteurs de la recherche publique et de l’industrie pourra mener une telle analyse, établir une stratégie appropriée et accompagner la mise en œuvre de projets-pilotes et le déploiement des technologies retenues.”

Dëse Pôle de Recherche soll sech och mat engem eventuelle Subside fir dës Technologië befaassen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann den Energieminister scho soen, wéi eng privat Acteuren a staatlech Verwaltungen an Departementer an dësem Pôle de Recherche wäerte vertruede sinn?

  2. Wéi eng Departementer am Ministère sinn zoustänneg, fir d’Moossnahm n°522 vum PNEC ze begleeden an ze realiséieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8139

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen