Ënnerscheedung tëschent fräiwëllegen Zaldoten a Staatsbeamten

D’Arméi huet verschiddenen Zaldoten um Virowend vun Nationalfeierdag d’Permission de Nuit Permanente gestrach. Vun dëser Decisioun waren Zaldote vun der Cie d’Honneur, déi un der Militärparad deelgeholl hunn, betraff a goufen um 23h00 Auer an d’Kasären zeréckgeruff.

De Staatsrot huet an sengem Avis n°60.760 iwwert de Gesetzesprojet 7880 geschriwwen, dass d’fräiwëlleg Zaldoten, no der Opfaassung vum Gesetzesprojet, net mat Staatsbeamte gläichsetze sinn:

“L’article 62 est le premier article de la section 3 ayant trait au statut de soldat volontaire de l’Armée, qui est un statut sui generis, étant donné que les soldats volontaires sont soumis ni au statut de la fonction publique ni considérés comme employés ou salariés de l’État au sens des lois spécifiques à ces situations.”

De Minister huet dat selwecht och an der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°7778 geschriwwen:
“Den Zaldot ass kee Staatsbeamten an d’Zaldote falen och net an de Champ d’application vum Gesetz vum 1. August 2018 […].”

Deementspriechend wier den Artikel 7 vum Statut Général – Heures supplémentaires – astreinte à Domicile an dësem Fall net uwennbar. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ass d’Motivatioun fir dës Decisioun an op wéi enger legaler Basis fousst se?

  2. Ass d’Procédure administrative non contentieuse (PANC) respektéiert ginn?

  3. Firwat gëtt an dësem Fall eng Differenz tëschent de Militaires de Carrière an de fräiwëllegen Zaldoten gemaach?

  4. Ob Basis vu wéi enge legalen Dispositiounen ginn déi vun dëser Decisioun betraffe Leit kompenséiert?

  5. Si fir sämtlech Leit, déi un der Parade deel geholl hunn, déi maximal 10 Schaffstonnen an de minimale Repos tëschent 2 Schaffdeeg respektéiert ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8130

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene