Privat Projeten opkaaft vum Staat

An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land vu Promoteuren ofkafen. Fir dës Wunnenge leet de Staat 55 Milliounen Euro op den Dësch.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op RTL heescht et “bei zwee Projete vun ëm 90 Wunnengen an der Stad Lëtzebuerg an am Süde vum Land.” Wéi vill Wunnengen wäerten et genau sinn?

  2. Wéi vill m2 wäerten déi eenzel Wunnengen hunn?

  3. Wéi vill kaschten déi jeeweileg Projeten eenzel gekuckt?

  4. Vu wei enge Firme wäerten dës Wunnengen ofkaaft ginn?

  5. Wou genau läit den Projet am Süden vum Land deen soll opkaaft ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8055

Zesummenhang posts

Wéi d’WORT an engem Artikel vum 18te Mäerz 2026 beriicht, sinn de fréieren MUDAM-Direkter zesumme mat senger Fra am Kader vun enger Geriichtsaffär zu
Wéi d’Tageblatt an engem Artikel vum 27te Mäerz 2026 thematiséiert, huet de Premierminister sech an der Ëffentlechkeet positiv iwwert de Paperjam geäussert an domadder
Mat der Reform vun der Schoulflicht, déi elo bis 18 Joer geet, stellt sech d’Fro, wéi an der Praxis garantéiert gëtt, datt all Jugendlecher