Kommissioun fir de Kontroll vun der Proportionalitéit

Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023 ass dann och d’Kommissioun, déi zoustänneg ass fir d’Kontroll vun der Proportionalitéit, per Arrêté ministeriel ernannt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Sëtzungen hat d’Kommissioun bis ewell?

  2. Op wéi enge Gesetzesprojeten oder Gesetzespropositioune ass bis elo geschafft ginn?

  3. Wéini sinn déi nächst Reunioune virgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8027

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene