Dierf ee seng volljäreg Kanner erausgeheien?

Am Artikel 372-2 vum Code Civil (Livre Ier, Titre IX, Chapitre Ier) heescht et :
“”Chacun des parents contribue à l’entretien et à l’éducation des enfants à proportion de ses ressources, de celles de l’autre parent, ainsi que des besoins de l’enfant.
Cette obligation ne cesse pas de plein droit lorsque l’enfant est majeur.””

Och iwwert d’Volljäregkeet eraus kënnen Elteren also verflicht sinn, fir hier Kanner do ze sinn, z.B. wann dës eng Vollzäit-Ausbildung maachen.

Grad wann d’Verhältnis tëscht den Elteren an de Kanner schwiereg ass, kann et fir déi Betraffen oftmools awer schwéier sinn, och no der Volljäregkeet nach an engem Ofhängegkeetsverhältnis ze liewen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Awéifern sinn Eltere verflicht hier volljäreg Kanner bei sech wunnen ze loossen?
    Ass e volljäregt Kand am Elterenhaus anescht geschützt wéi een einfache Colocataire ouni schrëftleche Locatiounskontrakt?

  2. Wéi vill volljäreg Jonker kruten an de leschten zéng Joer (pro Joer) vum Office nationale de l’Enfance (ONE) eng Ënnerkonft vermëttelt, well si net méi am Elterenhaus bléiwe konnten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8026

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene