Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Schüler mat Verhaalensopfällegkeeten

An der parlamentarescher Fro n°6684 hunn ech mech iwwert Gewalt am Enseignement fondamentale informéiert. An der Äntwert vum Minister ginn eng Rei Mesure genannt, falls et zu Virfäll mat Gewalt an der Schoul kënnt. 

Et ginn ëmmer nees Fäll un eis eru gedroen iwwert Kanner mat grave Verhalensopfällegkeeten. Riets ass vu Fäll, wou Kanner souwuel an der Schoul ewéi och ausserhalb vun der Schoul duerch gewalttätegt Verhalen opfalen an hir eege Famill, d’Léierpersonal oder och déi aner Kanner kierperlech attackéieren a blesséieren. Eis ass souguer vu engem Fall bericht ginn, wou eng Léierin privat Verdeedegungscourse mëscht, fir sech virun de physeschen Attacke vun engem extrem gewalttätege Kand schützen ze kënnen. 

Den Asaz vu spezialiséierten Educateuren wier och dacks réischt vill ze vill spéit méiglech an d’Léierpersonal misst dacks Méint oder souguer méi wéi e Joer waarden, bis iwwerhaapt Hëllef um Terrain géif ukommen. Riets ass och dovun, dass spezialiséiert Educateuren d’Situatioun net verbessert kréien, well si selwer physesch attackéiert a blesséiert géife ginn an duerno duerch Krankeschäiner ausfalen. Dem Kand gëtt esou och ze spéit déi Hëllef zu Deel déi et brauch.

Eng Rei Enseignante wéi och Eltere bekloen sech, dass vu Säite vun den Direktiounen näischt oder net genuch gemaach gëtt an si mat de Problemer géifen eleng gelooss ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang dauert et an der Moyenne, bis dës Hëllef, zum Beispill a Form vun engem spezialiséiert Educateur, um Terrain ukënnt? Wat war bis elo de schnellsten an de längsten Delai, bis dës Hëllef um Terrain ukomm ass?

  2. Wat fir Méiglechkeete ginn et, falls sech d’Situatioun och mat der Betreiung duerch spezialiséiert Personal net verbessert?

  3. Wéi vill Educateurs gradués an Instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs particuliers ou spécifiques (I-EBS) ginn et aktuell hei zou Lëtzebuerg? Wéi vill dovun schaffen direkt an de Schoulen (Centres de compétences net matgezielt) mat de betraffene Kanner an Enseignanten?

  4. Wéi vill Schülerinnen a Schüler a wéi vill Enseignanten ginn, opgelëscht pro Joer, vun spezialiséierten Educateur-graduéen oder I-EBSen betreit?

  5. Wéi vill Krankeschäiner, opgelëscht pro Joer, goufen et bei den Educateurs gradués, den I-EBS an den Enseignanten?

  6. Wéi gëtt de Suivi vun den Dossieren am Fall vun engem Krankeschäi vun engem Educateur oder eng I-EBS assuréiert? Wéi dacks, opgelëscht pro Joer, kënnt et fir, dass keng Persoun disponibel ass, fir den Dossier an de Suivi ze iwwerhuelen?

  7. Wat fir Mesuren ginn direkt geholl fir d’Léierpersonal an di aner Kanner ze schützen, wann e Kand esou schwéier verhaalensopfälleg ass, dass et eng direkt Gefor fir sech selwer an d’Persounen a sengem schoulechen Emfëld duerstellt?

  8. Firwat mussen d’Enseignanten Dossieren, déi bis zum Enn vum viregte Schouljoer net traitéiert gi sinn, eng weider Kéier ganz nei erareechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8002

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll