FRO.LU: De Fortschrëtt a Punkto Vëlospistë säit 2018

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Gesetz vum Dezember 2019 gouf de legale Kader fir de Reseau un Vëlospisten zu Lëtzebuerg iwwerschafft. An den deemolege Presentatiounen vum Ministère an am Text vum Gesetzesprojet war dat erkläertent Zil deemools 1102km Vëlospiste uechtert Land. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun deenen 430km, déi säit 2018 u neier Vëlospiste sollte gebaut ginn, si bis elo gebaut ginn?
  2. Wéi vill vun deenen 180km (dovunner 113km déi 2018 deklasséiert waren) déi vu fréiere Vëlospisten erëm sollten opgeholl ginn, sinn elo erëm Deel vum Reseau?
  3. Am Modu 2.0 war fir 2025 d’Zil, dass 10% vun den Trajeten (>5km) Doheem-Aarbecht via Vëlo gemaach ginn. Bei wéi vill Prozent si mir haut?
  4. Am Modu 2.0 war fir 2025 d’Zil festgesat ginn, dass 15% vun de Schoulweeër (>5km) mam Vëlo gemaach ginn. Bei wéi vill Prozent si mir haut?
  5. 2018 ware 95km vum Vëlosreseau am “trafic mixte”. Wéi vill Kilometer sinn et haut? Wéi vill Prozent vun der Gesamtlängt vun de Vëlospiste sinn et haut?
  6. Wéi eng Projete fir nei Vëlospisten, déi zu deenen 1102km Reseau sollte bäidroen, goufe schlussendlech zréckbehalen? Wéi ass de Stand vun deene Projeten?

Fro n°7951

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7951

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene