Schantjen Péiteng Collectrice

Zënter Jore sinn op der Collectrice zu Péiteng reegelméisseg Bauaarbechten. Jorelaang waren et Aarbechte vum SIACH un engem Reewaasserbaseng , déi dëse Schantjen néideg gemaach hunn, zum Leed vun den Automobilisten.  

Ech hat zu deene Schantje parlamentaresch Froe gestallt (n°586, 2862), well d’Signalisatioun op deem Streckendeel immens schlecht war. Esou hunn sech bei der Markéierung vun der Fuerbunn di giel Linnen mat der wäisser Stroossemarkéierung vermëscht, wat virun allem an der Nuecht zu Visibilitéitsproblemer gefouert huet. 

Dëst Joer ass erëm ee Schantjen op dësem Stroossendeel vun der Collectrice opgaangen a vill Leit beschwéieren sech erëm iwwert déi selwecht Problematik. De Schantje schéngt awer elo zënter engem gudde Mount fäerdeg ze sinn, trotzdeem steet d’Stroossemarkéierung nach ëmmer, zum Ongléck vun den Automobilisten op der Plaz.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Schantjen op dësem Streckendeel fäerdeg?
    • Falls jo, zënter wéini a firwat stinn an deem Fall nach ëmmer d’Pottoen an déi giel Stroossemarkéierung ?
    • Falls nee, wéini ass e fäerdeg?
  2. Handelt et sech ëm de selwechte Schantjen vum Waasserbaseng, deen de Minister a senger Äntwert vu virun 3 Joren erwäänt hat? 
  3. Ass d’Verwaltung nach ëmmer der Meenung, dass de Schantje gutt siichtbar fir d’Automobilisten ass? Hätt ee wierklech näischt kënne besser maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7914

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene