eng Fra sëtzt bei engem Schreifdësch mat engem Rechner.

Steierverwaltung

Den 13ten Abrëll gouf am Paperjam een Interview mat der Directrice vun der Steierverwaltung publizéiert, wou iwwert eng ganz Rei vu Problemer geschwat gouf. An dësem Interview gouf awer net nëmme Froen iwwert intern Problemer bei der Steierverwaltung (ACD) gestallt, mee och zur Steiererklärung.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Sanktioune goufen, opgelëscht pro Joer, zënter 2018 verhaangen, well Persounen hir Steiererklärung ze spéit ofginn hunn?
  2. No wéi enge Krittäre ginn d’Astreinte festgeluecht, mat där e Contribuabel ka bestrooft ginn?
  3. Sinn d’Krittären, no deenen d’Astreinte festgeluecht ginn, fir all d’Steierbüroen hei am Land déi selwecht? Wa nee, firwat ginn Ënnerscheeder a wéi eng genau sinn dat?
  4. Wéi vill Postimpositioune goufen zënter 2018 gemaach?
  5. Bei wéi ville vun dëse Kontrolle postimposition gouf duerno e Redressement gemaach, opgeschlësselt no en faveur vum Contribuabel an en defaveur um Contribuabel?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7905

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen