Studentescht Wunnen zu Lëtzebuerg

Wunnraum ass zu Lëtzebuerg knapp a besonnesch Studente sinn dovunner direkt betraff. D’Universitéit selwer stellt laut hirer Websäit 1.070 Unitéite fir 6.423 Studenten zur Verfügung. Dëst entsprécht enger Quote vun 16,6%. Domadder steet Lëtzebuerg ronn 50% besser do ewéi Däitschland mat engem Schnëtt vun 9,9%, woubäi unzemierken ass, datt de Logement ee gudde Strapp méi deier wéi d’Wunnen an Däitschland ass a Studente meeschtens ee méi klenge Budget zur Verfügung hunn.

D’Uni Lëtzebuerg zeechent sech doriwwer eraus duerch een, mat 56%, iwwerduerchschnëttlech héijen Undeel un auslännesche Studenten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung e puer Froe gestallt:

  1. Wéi héich ass den Undeel un auslännesche Studenten u Locatairen op der Uni.lu?
  2. Vu wéi vill Unitéiten Wunnraum, déi fir Studente reservéiert sinn an déi net vun der Uni.lu verwalt ginn, huet d’Regierung Kenntnis?
  3. Wéi vill nei Studentewunnengen sinn a Planung? Wéini kéinten dës fäerdeggestallt ginn?
  4. Em wéi eng absolut a prozentual Zuelen huet sech d’Offer u studenteschem Wunnraum an deene leschte 5 Joer entwéckelt? (Opgeschlësselt pro Joer an Typ vu Besëtzer, wéi z.B. privat, Gemeng, Staat)
  5. Wéi héich ass den Duerchschnëttsloyer mat deem e Student an engem ëffentlech gefërderte Logement rechne muss?
  6. Wéi huet sech den Duerchschnëttsloyer an deene leschte 5 Joer (pro Joer) entwéckelt?
  7. Wéi héich ass den duerchschnëttlechen Undeel um Akommes vu Studenten, dee fir d’Wunnen ausgi gëtt?
  8. Wéi vill Studente wunnen nach bei hiren Elteren?
  9. Wéi vill Studente wunnen am Ausland a pendele fir op d’Uni?
  10. Existéieren privat Operateuren, déi primär studentesche Wunnraum offréieren? Wa jo, wéi vill Unitéiten offréieren déi aktuell zesummen?
  11. Op wéi vill Unitéite schätzt d’Regierung de Besoin u studenteschem Wunnraum fir déi nächst Joren an?
  12. Leien der Regierung Erkenntnisser iwwert d’Notzung vun alternative Wunnformen duerch Studente vir? Zum Beispill “Wunne géint Hëllef”, Wunnkooperativen oder ähnlech Modeller?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene