Répertoire analytique du droit luxembourgeois (RADL)

De Répertoire analytique du droit luxembourgeois (RADL) war en Online-Repertoire, deen d’Gesamtheet vun de lëtzebuergesche Gesetzer a Reglementen enthalen huet, an dës ob Wonsch och no Matière sortéiert oder ob Basis vu Stéchwierder duerchsicht huet. Aktuell ass dëse RADL fir de Public awer net méi iwwer Internet accessibel. 

An deem Zesummenhang hu mir de Ministere fir Digitalisatioun & Justiz des Froë gestallt:

  1. Gesäit d’Regierung fir, deemnächst eng nei Versioun vum RADL opzestellen, déi de Bierger dann erëm zur Verfügung stoe wäert?
  2. Falls nee: Gesäit d’Regierung fir, deemnächst en neien Online-Repertoire auszeschaffen, fir de RADL ze ersetzen?
  3. Wéi well d’Regierung de Bierger wärend der Iwwergangszäit, d. h. an där Zäit bis en Tool wéi de RADL erëm online ass, erméiglechen en iwwersiichtlechen Accès op déi d’lëtzebuergesch Gesetzgebung ze hunn?

Mat déiwem Respekt,
Sven Clement
Député

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt