Elektresch Brancarden (Tragbahren) – Nofro

D’Leit vum CGDIS sinn oft op Brancarden (Tragbahren) ugewisen. Si mussen d’Leit op d’Brancard hiewen an dës dann an hiert Gefier lueden. Béides ka mat vill Kraaftopwand verbonne sinn. Zu de klassesche Brancarde gëtt et mëttlerweil awer och elektresch Alternativen, respektiv elektresch Hëllefen, déi de Brancard elektresch an d’Ambulanz eranzitt an och erëm raus op d’Rieder stellt.
An der parlamentarescher Fro n°7023 hat ech d’Madamm Ministesch no Informatiounen zu den elektresche Brancarde gefrot. D’Ministesch huet an der Äntwert erkläert, dass hei Analyse géife lafen, fir de Notzen an de Käschtepunkt vun esou Bahre festzestellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Sinn d’Analyse beim CGDIS mëttlerweil ofgeschloss? Wat sinn d’Resultater vun der Analys?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7883

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen