Personalsituatioun beim CGDIS

Den CGDIS stellt sech zesummen aus fräiwëllegen an haaptberuffleche Pompjeeën. Heibäi sollen déi Haaptberufflech hëllefen, fir den Déngscht vum CGDIS ronderëm d’Auer kënnen ze garantéieren. Hei si CIS’en opgelëscht, déi méi wéi 3 Asätz den Dag fueren.

Wann een sech d’Zuelen aus dem PNOS an aus der Äntwert vun der Inneministesch op d’parlamentaresch Fro n°7628 méi genee ukuckt, dann erkennt een, a wéi engen Zenteren (CIS) d’Asazzuelen an d’Luucht gaange sinn an a wéi engen Zenteren d’Zuel u professionelle Pompjeeën erop oder erof gaangen ass. Esou weisen d’Zuelen, dass an deene meeschten Zenteren d’Zuel vun den Asätz an d’Luucht gaangen ass a just an den Zentere Beetebuerg a Käerjeng-Péiteng se liicht erof gaange sinn.

Kuckt ee parallel dozou d’Entwécklung vun de Beruffspompjeeën iwwert deen Zäitraum, esou ass festzestellen, dass an allen Zenteren d’Unzuel un haaptberufflech Pompjeeën erop gaangen ass, mat Ausnam vum CIS Beetebuerg, dee vun 9 op 0 professionell Pompjeeën erofgaangen ass, oder Käerjeng-Péiteng, wou et keng Ännerung gouf. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet d’Besetzung vun den Déngschtlëschten op den Ambulanze vun 2018 op 2022 an de jeeweilegen Zentere variéiert, opgelëscht no fräiwëllegen a beruffleche Pompjeeën?
    Ass d’Variatioun vun den Asazzuelen duerch eng Verschiebung vun de professionelle Pompjeeën z’erklären, respektiv duerch manner/méi besate Gefierer?

  2. Betreffend dem CIS Beetebuerg:
    • Wéi kann et sinn dass en Asazzenter, deen 2018 déi sechst meeschten Asätz am Land hat, keng Beruffspompjee méi huet, déi am CIS affektéiert sinn, an hei den Déngscht besetzen?
    • Firwat gouf d’Entscheedung getraff, fir vun 9 op 0 Beruffspompjeeën erofzegoen a fir d’Beruffspompjeeën tëscht Diddeleng a Beetebuerg op ze deelen?
    • Am CIS Beetebuerg schafft een Zenterchef haaptberufflech an d’professionell Pompjeeë vum CIS Diddeleng stinn dem CIS Beetebuerg zur Verfügung. Wéi ass d’Personal hei opgedeelt: wéi vill professionell Pompjeeë si jeeweils pro Dag zu Diddeleng oder zu Beetebuerg? Wéi ass dës Opdeelung begrënnt?

  3. Wéi ass et z’erklären, dass Zenteren, déi iwwer 5 Asätz den Dag fueren, net op d’Ënnerstëtzung vu Beruffspompjeeë kënnen zeréckgräifen, wärend Zentere mat manner Asätz den Dag hei eng professionell Ënnerstëtzung kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7870

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene