Gewalt bei der Gebuertshëllef stoppen

Heure d’actualité relative aux violences gynécologiques et obstétricales

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Lëtzebuerg huet 2015 d’Konventioun vun Istanbul vum Conseil de l’Europe iwwert d’Preventioun an de Kampf géint d’Gewalt géint Fraen an d’haislech Gewalt ënnerschriwwen;
  • De Groupe de Travail “Santé de la Femme” vum Ministère de la Santé huet 2021 Recommandatiounen eraus ginn, wéi Gewalt am Zesummenhang mat gynekologeschen Ënnersichungen an der Gebuert soll verhënnert ginn, woubäi de Fokus vun de Recommandatioune kloer um Gebuertsvirgang läit;
  • Aktuell ginn et keng detailléiert Recommandatiounen, déi sech spezifesch mat der Vermeidung vu Gewalt bei gynekologeschen Ënnersichunge vu besonnesch vulnerabel Gruppe beschäftegen (z. B. trans* Persounen, lesbesch Fraen, jonk Fraen oder Fraen aus Kulturkreesser, wou medezinesch gynekologesch Ënnersichungen net routineméisseg gemaach ginn).

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. an Zesummenaarbecht mam Groupe de Travail “Santé de la Femme” all déi Gruppen ze ermëttelen, déi als besonnesch vulnerabel kënnen ugesi ginn, wann et drëms geet, Gewalterfarunge bei gynekologeschen Ënnersichungen ze maachen;
  2. de Groupe de Travail “Santé de la Femme” ze invitéieren, Recommandatiounen auszeschaffen, fir Gewalt vis-à-vis vun dëse Gruppen bei gynekologeschen Ënnersichungen ze vermeiden.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt