Busfirmen aus der Groussregioun

An der Chamberssitzung vum 22te Mäerz hat de Mobilitéitsminister gesot, dass et aktuell immens schwéier wier fir Busfirmen hei am Land ze fannen, fir de Schinneverkéier am Norde vum Land z’ersetzen, wärend d’Tunnelaarbechten am Schieburg-Tunnel weiderginn. Dem Minister no sicht de Ministère dofir schonn no Busfirmen an der Groussregioun.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Busfirmen aus der Groussregioun oder aus anere Länner fueren hei am Land regulär oder temporär Buslinnen?

  2. Ginn d’Buschaufferen vun dësen Entreprisen och no lëtzebuergesche Standarder bezuelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7823

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen