Offréiere vu Consommatiounsbongen als Géigeleeschtung fir d’Aschreiwung op der Wielerlëschten?

Den 11te Juni si Gemengewalen, wou all d’Bierger:innen hei am Land vun hirem Walrecht dierfe Gebrauch maachen. Dofir lafen aktuell verschidde Campagnen, fir d’Bierger:innen, déi kee lëtzebuergesche Pass hunn, z’iwwerzeegen sech op de Wielerlëschten anzeschreiwen. Déi meeschte Campagnë sinn éischter neutral, mee et existéiere verschidden Approchen, déi warscheinlech op der Limitt vun der Legalitéit verlafen. 

Esou bidden déi politesch Verantwortlech ronderëm de Schäfferot vun der Gemeng Péiteng de Leit, am Géigenzuch dofir, dass si sech op d’Wielerlëschten aschreiwen, ee “Bon à la consommation” un. An engem weidere Schrëtt huet eng Partei, déi am Schäfferot vertrueden ass, Videoe vun den nei ageschriwwene Wieler opgeholl a Publicitéit mat dëse Videoen op de Social Media Plattforme vun hirer Partei gemaach. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Weess d’Regierung, a wéi engen anere Gemengen d’Leit ee Kaddo kruten, ënnert der Bedingung, dass si sech op d’Wielerlëschten aschreiwen?

  2. Dierf eng Persoun, Organisatioun oder Institutioun enger Persoun eng Géigeleeschtung ubidden, fir se ze motivéieren, sech op d’Wielerlëschten anzeschreiwen?

  3. Ass dëse Kaddo am Aklang mat den Artikele 94 bis 96 vum Walgesetz, notamment dem Artikel 95, wou drasteet: “La même peine est appliquée à ceux qui, à l’occasion d’une élection, ont donné, offert ou promis aux électeurs des comestibles ou des boissons.” 

  4. Zweiwelt d’Regierung un der politescher Neutralitéit vun dëser Aktioun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7801

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene