Energiespuer-Setten

Zanter e puer Méint ginn an de Gemengen am Land Energiespuer-Sette verdeelt. Dëst Sets ginn am Kader vun der Campagne “Zesumme spueren, zesummen halen” mat Enovos un all intresséiert Haushalter verdeelt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun den Energiespuer-Sette si bestallt ginn?

  2. Wat war de Käschtepunkt heivunner?
    Huet Enovos hei een Deel vun de Käschten iwwerholl?

  3. Wéi vill Sette konnte verdeelt ginn?

  4. Wat geschitt mat deene Setten, déi iwwereg bliwwe sinn?

  5. Gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung fir d’Energiespuer-Setten?
    Wa jo, wéi vill Entreprisen hu sech gemellt?
    Wa nee, firwat net?

  6. Vue, dass net all Haushalt wäert kënne mat all Deel vum Set eppes kënnen ufänken, firwat gouf net virgesinn, dass d’Leit déi Saachen, déi se net brauchen, an der Gemeng loossen?
    Gesäit de Minister an, dass esou hätte kënne Ressourcen agespuert ginn an d’Leit responsabiliséiert gi wieren, par Rapport zu dësem Ressourceverbrauch?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7772

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen