Zäitspuerkont bei der Arméi

Den Zäitspuerkont (CET) ass geschaf ginn, fir souwuel de Betriber wéi och den Employéë méi Flexibilitéit unzebidden. Een Employé kann sech, op Demande, geleeschten Iwwerstonnen opschreiwe loossen, fir se duerno als Congésdeeg kënnen erëmzekréien. Dës Moossnam ass ee Mehrwäert fir d’Employéeë vun engem Betrib a steigert d’Attraktivitéit vum Patron.

Ugesiichts, dass d’Arméi an enker Konkurrenz mat anere Verwaltungen a Firme steet, fir Personal ze rekrutéieren, wier d’Implementéierung vum CET bei der Arméi eng Iddi fir d’Attraktivitéit vum Beruff z’erhéijen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt dem Zaldot seng Aarbechtszäit enregistréiert?

  2. Ass dësen Enregistrement konform mat der EU-Direktive 2003/88 an dem Arrêt du 14 mai 2019 (C-55/18) vun der CJUE?

  3. Firwat huet de fräiwëllegen Zaldot kee Recht ob den CET?
    Ass bei der Arméi geplangt, dorunner eppes z’änneren?

  4. Sinn d’Zaldoten déi eenzeg Karriär beim Staat, déi keen CET hunn?

  5. Gëtt et eng aner Form oder ee Relevé, iwwert déi den Zaldot seng geleeschten Iwwerstonnen opgeschriwwe kritt?
    • Falls jo, ënnert wéi enger Form a wat ass d’Begrënnung, dass dat esou gehandhaabt gëtt?
    • Falls ee Relevé existéiert, op wéi enger legaler Basis fousst dësen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7778

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen