Gesetzesvirschlag zu de Wielerlëschten

D’Piraten hunn haut an der Chamber ee Gesetzesvirschlag (Proposition de Loi) agereecht fir eng Ännerung am Ëmgang mat de Wielerlëschten ze bewierken.

Kontext: D’Wielerlëschte si wichteg fir an de Wahle kloer kennen ze identifizéieren, wee wahlberechtegt ass. Dofir sinn op deene Lëschten eng Réi vun immens perséinlechen Donnéeën agedroen: de komplette Numm, d’Adress, d’Nationalitéit an d’Gebuertsjoer. Et misst jidderengem kloer sinn, dass dës Donnéeë perséinlech sinn a net dierften ëffentlech zirkuléieren.

Deem ass awer net esou. Ënnert dem aktuelle Gesetz ka jiddereen déi Lëschte kopéieren a mathuelen. Konkret heescht dat, dass jiddereen déck Bätz un perséinlech wäertvollen Donnéeë mat heem kann huelen. Och wann et u sech verbueden ass, d’Donnéeë fir aner Zwecker ze benotzen: wien kontrolléiert dat schonn, nodeems d’Donnéeën op Pabeier an ouni weidere Suivi bei mir doheem um Büro leien?

Ab deem Moment, wou dës Leschten d’Gemeng verloossen, sinn se am fräien Ëmlaf an et gëtt keng Garantie fir wat se benotzt ginn a vu weem!

Dëst Lach am Gesetz ass eng Gefor fir den Dateschutz an ignoréiert de Prinzip vun der informationeller Selbstbestëmmung. D’Piraten schloen dowéinst vir, dass déi existéierend Dispositiounen am Gesetz geännert ginn, soudass d’Kopéieren vun de Leschten duerch Onbefugter verbuede gëtt.

Hei ass de Gesetzesvirschlag (Proposition de Loi), dee mir agereecht hunn:

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene