Akommessteier

De Conseil économique et social huet den 18te Januar 2022 eng Analyse vun de Steieren zu Lëtzebuerg verëffentlecht (ANALYSE DES DONNEES FISCALES AU LUXEMBOURG 2021). 

Op der Säit 101 vum Avis ass den Tableau n°33 opgefouert mam Titel “Distribution des ménages selon les classes de revenu imposable et des impôts payés de l’année d’imposition 2018”. Den Tableau weist, wéi vill Akommessteier d’Stéit an deene verschiddene Steier- an Akommesklassen am Joer 2018 bezuelt hunn.

An deem Tableau ass z’erkennen, dass déi Stéit hei am Land, déi een Akommes tëschent 0 an 10000€ hunn, insgesamt 1.206.644,21€ u Steieren un de Staat bezuelt hätten. Nom aktuelle Barème bezilt een awer eréischt ab 11450€ an der Steierklass 1 Steieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Finanzministère ee méi rezenten Tableau wéi dee vun 2018 a kann deen an der Äntwert op dës Fro präsentéiert ginn?

  2. Kann de Finanzministère den nämmlechten Tableau op Tranchë vun 1000€ opschlësselen bis zu engem Akommes vun 20000€ ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7748

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen